Dienstag, 14. Dezember 2010

100 Jar Wuestem a Biodiversitéit bei der Daiwel.

De Samsdeg huet mäi léiwen däneschen Noper mat sengen zwee klenge Kanner bei eis un d´Dir geklappt. En huet is gezielt dass en de Bauer ennen aus dem Duerf gefrot huet fir seng Wiss, déi direkt un eiser léit, botzen ze loossen. Effektiv ass all Méigleches gewuess, well sech Jare keen em d´Steck gekemmert huet. Och den Noper huet keng Zait fir sech em säi Land ze kemmeren, wat emmerhin 113 Are sin.

Sou frot en dann ob mir e Problem dermat hätten wann en do géif botzen. Dee Mann därf op sengem Terrain mache wat e wellt, war is Reaktioun, och wa mer dat méi charmant vermettelt hun. Eddi a Merci fir déi duerchaus luewenswert Initiativ de Noper iwert esou eng Entreprise ze informéieren. Natierlech hun meng Fra an ech is direkt d´Fro gestallt wat aus deene seleche Blannschlécher soll gin déi do hiert Paradéis haten, an all dat aanert Gedéiesch. Mee nujee, wéi gesot den Noper, nenne mer en Alti, därf do ganz machen wéi e wellt, well et ass jo säi Land. Virwat en et iwerhapt mache geloos huet ass well hannert isem Haus an och sengem, greng Zone ass. An en hat zu Ouere kritt, dat wann e Steck esou lang broch läit, den Environnement därf verfügen, dat et elo och esou ze bleiwen huet. Bon, ech hun dat nach net héiere, mee et huet mech bis ewell och net interesséiert. Natierlech hu mer déi well Rouse mat hiere schéine roude Spakelter leed gedun, an an och déi al Schléiwenhecken, wou d´Karmeschen (Spatzen) an d´Meesercher sech emmer virum Fallek an Hengerdéif verstoppt hun, ware mir en Ament Nodenkes wärt.
Mee et ass jo säin Terrain, a wat geet et mech un, a wou géife mer hikomme wann ech do e Veto, deen ech guer net besetzen, ageluecht hätt.

An hierer Verwuesenheet hun ech déi Wiss am Fong emmer schéi fonnt, well se esou uereg war. Nujee, op alle Fall sin d'Arbechten du Méindes ugelaf . Mat schwéierem Geschier sin déi zwee Bauerebouwen ugereckt, an hun, der Erzielung vu menger Fra no, dat ganzt Steck dem Ärdbuerdem glaich gemat. Leider sin ech ereischt heem komm, wéi et schons däischter war, a konnt mer et net ukucken. Just e klenge Filmchen an zwou Fotoen, huet meng besser Halschent mer konnte virweisen. Licht verstoppt opgeholl, well et sech jo net geheiert friem Leit bei der Arbecht ze dokumentéieren.

Haut sin ech fréi schaffe gangen op de Büro, well ech wollt mat Zäiten erem sin fir mer d´Sach emol bei Dageslicht unzekucken.
Um véier Auer an den Auto an um halwer fennef doheem. Alles aus dem Auto eraus, eng Taass Kaffi gemat, an eraus an d´Natur.

... Ech hätt kéinte kräischen. Seng ganz Wiss gesait aus wéi e plakege Puppelchen op Watt. Frai Sicht op eist Haus, wat modern ass a grouss Fensteren huet. All Heck an all Grashalm, all Deschtel an all Beemchen nemmen nach Stemp déi sech bal net trauen aus deem kalen bronge Buedem ze kucken. E fierchterlechen Ubleck, direkt gin mer d´Praisleschten vun den Hecken duerch de Kapp déi ech am Fréijar planze muss fir e besse hannerwanz ze sin. Dat geet nees an de Portemonnaie an et war net virgesin, zut alors.
Mee den Alti ka jo mat sengem Land mache wat e wellt, et geet mech jo am Fong naischt un. Ech wees dass hien emmer bis spéit Owes schafft, an opwuel dat sech guer net gehéiert treppelen ech iwert sai Land fir mer d´Sach vun der anerer Sait vu mengem Terrain unzekucken.
A elo kennt den decken Hond.

Mee loost mech virdrun nach eng Kéier méi wäit aushuelen. Den Terrain op deen ech mäin Häische gesat hun waren zwee Bongerten an déer waren der emmer eng yet ronderem all Duerf. Se hun den Duerfléit Uebst gin an d´Béischte konnten drop friessen. Mäin Terrain léit an der Pente an sou ass all Bongert vun Hecken getrennt gewierscht, sou dass all Bauer fréier wousst wou säi Steck géif ophalen, a wou deem aanere säint ufänkt. Déi Hecken si immens wichteg och fir all Zorte Gedéiesch an Vigel, déi duerch hier Präsenz de Läit d´Bongerte vu "Schädlenge" fräigehal hun.
An wéi de Kadaster bei mir ausgemooss huet, sin ech gewuer gin dass all Hiwelchen deen e Bongert vun deem aaneren trennt, bis ennenof zum Bongert gehéiert huet. D´Grenz vum Terrain ass also net uewe beim Hiwwel mee ennen.

Sou gi mer dann erem zreck op meng Entdeckungstour, wéi ech mat menger Zigarett am Back a menger Taass Kaffi am Grapp um skandinaveschen Noper sengem Terrain stin, a mer es net zou kommen.
Anscheinend wessen d´Baueren haut net méi, dass den Terrain bis erof bei den Hiwel geet, well déi Henn hu mir meng schéin deck Schléiwenheck zu 90 Prozent gekeppt, all ´déi well Rousen, déi ech nach am Fréijar em hier schéi Bléie beneid hun, si fort. Ech kennt baschten.
Elo setzen ech hei iech dat ze zielen an et ass mer ganz komesch emt d´Härz. Et ass Roserei an Entäuschung, mee nawell och vill Trauregkeet déi ech do spieren. Traureg dass honnert Jar Wuestem an Biodiversitéit vun zwee hetzege Bauerejongen mat hiere Maschinen an engem Nometteg bei der Daiwel gejot goufen.

Montag, 13. Dezember 2010

D'Gardejar ass eriwer

Ët ass ëwell Ugangs Dezember an d'Gardesaison ass definitif eriwwer. Zäit sech owes bei den Uewen ze sëtzen an d'Jar Revue passéieren ze loossen. E Blëck eraus op de Gard soll mer déi schéin Errennerungen opfrëschen. Ajo, ech sin nët färdeg gi mat ëmgruewen... 3/4 vun de Stëcker si nach voller Onkraut. Loosse mer de Kapp nët hänken, ët si jo déi schéi Momenter déi d'Arbecht vergeesen doen. An dem Äisschaf léien dofir d'Reserven un Vitamine fir de ganze Wanter...ah nee, se leien nach an der Garage well ech keng Zait hat se anzlageren nodeems ech se virum Frascht aus dem Gart geholl hun. Ët sin och nach e puer grëng Strëng déi aus dem Buedem luussen. Note u mech selwer:"D'Muerten esou séier wéi méiglech eran huelen." De Kabes kann nach dobausse bleiwen, Här am Himmel sief Dank, wéinstens eppes wat nët schief gaangen ass. Egal, ët gët sech op d'Fréijar gefreet, och wann dat néit Gardejar mat vill gruewen ufänkt.