Mittwoch, 2. März 2011

Den 8ten Dag ouni Tubak

Dee Leiten huet sech hypnotiséiere gelooss. Déi éischte Kéier ass ët schief gange, mee déi zweete Kéier huet se e besse gegraff. Genug fir elo schon 8 Deg ouni den Tubak auszekommen. Et ass just schued dass ech dat elo guer net hei verziele wëll.

Samstag, 1. Januar 2011

2011

Ass ët dat elo? 3 Jar bestued an 2 Kanner, a Sylvester gët um Canapé verbruecht ouni Ambitiounen? Ech muss derzou soen, dass ech de ganzen Dag iwer probéiert hun eng Stéiererklärung ze machen, wat mer natierlech duerch de Manktëm un Dokumenter nët gelongen ass. Ech denken eng Steiererklärung mat allen erfuerderlechen Dokumenten, wärt nët méi freedeg sin, mee ouni ass ët dach uerg belaschtend. Well wou sin déi Dokumenter? Derzou kënnt nach dass ech den Dag virdrun dem Schwoer gehollef hu plenneren, an dass dat mäi Kierper dagsdrop ereischt gemierkt huet, an mat allen erdenklechen (muskulairen) Mëttele protestéiert huet. Dass mäi Gehier sech do vernoléisecht gefillt huet ass ëm nët ze verdenken, soudass ech um 19h nach näischt an der Steiererklärung stoen hat ausser mäin Numm a meng Adress. Mat déër Freed am Leiw ass ët schwéier eng festlech Stemmung opzebauen. Menger Fra hier Stëmmung war souwiesou vun de Kanner accaparéiert gin, an d'Kanner selwer waren och schon esou midd, dass ët hinne Wurscht war wat fir en Dag sollt gefeiert gin.
Fazit: Den nächste Sylvester ka nëmme besser gin.